Den NGC 300 ass eng Galaxie mat opfälleger Spiralstruktur (Typ Sc) am StärebildSculptor um südleche Stärenhimmel. Si huet e Wénkelduerchmiesser vun 21,9' × 15,5' an eng visuell Magnitude vun 8,1 mag. Si läit ronn 7 Millioune Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech. Mat engem Duerchmiesser vun zirka 45.000 Liichtjoer ass si däitlech méi kleng wéi eis Mëllechstrooss mat 100.000 Liichtjoer Duerchmiesser[3],[4].
Den NGC 300 an déi onreegelméisseg Galaxie NGC 55 goufe vu villen Astronomen als Deel vun der Sculptor-Grupp ugesinn. Déi jéngst Miessunge vun där Galaxie hu gewisen, datt si sech nëmmen an der Géigend vun deem Galaxiëkoup ophalen[5].