Den NGC 2261 (oder Hubble's Variable Nebula oder Caldwell 46) ass e variabele Reflexiounsniwwel am Monoceros. Hie gëtt vum Stär R Monocerotis (R Mon) beliicht, deen awer selwer net siichtbar ass.
Den NGC 2261 gouf als "éischt Liicht" de 26. Januar 1949 mam Hale-Teleskop vum Edwin Hubble[1] fotograféiert. Den Hubble hat den Niwwel schonn um Yerkes- an um Mount-Wilson-Observatoire studéiert.[1]
Eng Thees fir d'Variabilitéit sinn dicht Stëbswolleken an der Ëmgéigend vum R Mon, déi seng Beliichtung periodesch blockéieren.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 http://365daysofastronomy.org/2009/01/26/january-26-60th-anniversary-of-hale-telescope-first-light/