Den NGC 1856 ass en oppene jonke masseräiche Stärekoup, deen engem Kugelstärekoup gläicht ("blue globular cluster")[1], an der grousser magellanescher Wollek am Stärebild Dorado. Säin Alter gëtt op ronn 80 Millioune Joer geschat.[1] Den Objet gouf 1826 vum James Dunlop mat engem 9-Zoll-Reflekter entdeckt.[2]
Kuckt och
Portal Astronomie
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Hodge, P. W.; Lee, S.-O.: LMC blue globular clusters containing Cepheids. I. NGC 1856; ApJ 276, S. 509-518 (1984)
- ↑ NGC/IC Project