De Michel Flammang, gebuer de 6. Januar 1875 um Kierchbierg, a gestuerwen de 7. Abrëll 1946 an der Stad[1], war e lëtzebuergesche Politiker.
Vun 1919 bis 1920 war hien de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Hollerech just ier déi mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert huet. Duerno war hie vun 1921 bis 1929 am Gemengerot vun der Stad.
Éierung
Zu Hollerech gouf eng Strooss no him genannt.[2]
Referenzen
- ↑ Doudesannonce vum Michel Flammang am Tageblatt vum 9. Abrëll 1946 op eluxemburgensia.lu
- ↑ L-1524.