De Meteorological Aviation Routine Weather Report, besser bekannt ënner dem Akronym METAR, ass eng standardiséiert Meldung iwwer déi aktuell Wiederobservatioun vun engem Fluchhafen.
En enthält op jiddwer Fall den ICAO-Code vum jeeweilege Fluchhafen an den Observatiounszäitpunkt. Ausserdeem kënnen nach Wandrichtung, Temperatur, Siichtweit, Loftdrock a Wollekeformatioun an aner Informatiounen dran enthale sinn.
De METAR gëtt all 30 Minutten erstallt an huet eng Gëltegkeet fir 2 Stonnen, speziell Bulletinën, genannt "SPECI" (SPECIal), ginn nëmmen erstallt, wa sech ee vun de Parameteren drastesch ännert.
Generell Syntax
METAR - ICAO-Code vum Fluchhafen - Dag an Zäit (UTC) vun der Meldung - AUTO (optional)- Wandrichtung a -vitess - Landebunnsiichtwäit - Wieder - Wolleken - Temperatur an Dapunkt - Loftdrock - Bemierkungen
|
Dëst Beispill ass eng METAR-Meldung vum Findel no den WMO-Richtlinnen an ass erstallt ginn den 11. September 2007 emm 15:50 UTC:
METAR ELLX 111550Z 34004G19KT 300V100 9999 FEW030 BKN045 14/08 Q1023 NOSIG=
- METAR weist un datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
- ELLX ass den ICAO-Code vum Fluchhafe Lëtzebuerg
- 111550Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill den 11. vum Mount um 15:50 UTC
- 34004G19KT weist d'Wandrichtung (340 Grad oder Nord-Nordwest) an d'Wandvitesse (4 Kniet oder 7 km/h a Wandstéiss bis zu 19 Kniet oder 35 km/h)
- 300V100 weist, datt d'Wandrichtung sech vun 300 Grad (Nordwest) op 100 Grad (Ost) ännert
- 9999 weist, datt d'Siicht um Fluchhafe méi wéi 10 Kilometer ass
- FEW030 weist datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 3000 Fouss iwwer dem Grond
- BKN045 weist, datt den Himmel 5-7 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 4500 Fouss iwwer dem Grond
- 14/08 weist d'Temperatur (14 °C) an den Dapunkt (8 °C) un, negativ Wäerter gi mat engen "M" duergestallt
- Q1023 weist, datt deen op der Plaz registréierte Loftdrock reduzéiert op Mieresspigelniveau momentan bei 1023 hPa läit
- NOSIG ("no significant change") weist datt an deenen nächsten 2 Stonne keng nohalteg Ännerungen z'erwaarde sinn
- = bedeit datt de METAR zu Enn ass
Besonnesch déi amerikanesch METARen ënnerscheede sech liicht vum WMO-Standard, wéi dëst Beispill vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York weist:
METAR KJFK 151051Z 35003KT 6SM BR FEW005 SCT015 OVC095 18/16 A2983 RMK AO2 RAE29 SLP102 P0002 T01780161=
- METAR weist un, datt dëst eng standardiséiert Meldung ass
- KJFK ass den ICAO-Code vum John F. Kennedy Fluchhafen zu New York
- 151051Z weist den Datum an d'Zäit vun der Meldung, an dësem Beispill de 15. vum Mount um 10:51 UTC
- 35003KT weist d'Wandrichtung (350 Grad oder Nord) an d'Wandvitesse 3 Kniet oder 5 km/h
- 6SM weist, datt d'Siicht um Fluchhafe a Moment 6 Statute Mile oder 10 km bedréit
- BR weist, datt am Moment Donst um Fluchhafen ass
- FEW005 weist, datt den Himmel 1-2 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 500 Fouss iwwer dem Grond
- SCT015 weist, datt den Himmel 3-4 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vu 1500 Fouss iwwer dem Grond
- OVC095 weist, datt den Himmel 8 Aachtel bedeckt ass op enger Héicht vun 9500 Fouss iwwer dem Grond
- 18/16 weist d'Temperatur (18 °C) an den Dapunkt (16 °C) un
- A2983 weist de Loftdrock op der Statioun un (29,83 inch oder 1010 hPa), den "A" steet fir Altimeter
Déi follgend Parametere gehéieren net zum WMO-Standard a sinn an Amerika zimmlech heefeg verbreet:
- RMK weist, datt elo d'Remarken als nächst kommen
- A02 weist un, datt dës Statioun en automatesche Reensensor huet. Den "AO" steet fir Automated Observation
- RAE29 weist un, datt de Reen ëm 10:29 UTC opgehalen huet. Den "RAE" steet fir Rain Ending
- SLP102 weist un, datt de Loftdrock op der Statioun 1010,2 hPa ass. Den "SLP" steet fir Sea Level Pressure
- P0002 weist, wéi vill Reen zanter dem leschte METAR Report gefall ass, an dësem Fall sinn 0,02 Inch oder 0,5 mm gefall. De "P" steet fir Precipitation (Nidderschlag).
- T01780161 weist déi genee Temperatur an de geneeën Dapunkt, an dësem Fall ass d'Temperatur 17,8 °C an den Dapunkt 16,1 °C. Sinn d'Temperaturen am positive Beräich, steet eng "0" virdrun, negativ Temperature gi mat enger "1" gekennzeechent.
- = bedeit, datt de METAR zu Enn ass
De Wand an engem METAR gëtt a Kniet ugewiesen, manner geleefeg si Meter pro Sekonn a Kilometer pro Stonn. Bei guer kengem Wand gëtt als Wandrichtung 0 Grad uginn. Kënnt de Wand aus ënnerschiddleche Richtunge gëtt als Wanddirektioun "VRB" (Variabel) uginn, ausser wann d'Direktioun sech méi wéi 60° ännert ginn déi béid Richtungen duerch e "V" getrennt. Wandstéiss ginn duerch en "G" (englesch fir Gusts) gekennzeechent.
Beispill
|
Erklärung
|
29010KT |
Wanddirektioun: 290°, Vitess:10 Kniet
|
00000KT |
Guer kee Wand
|
29010G30KT |
Wanddirektioun: 290°, Vitess: 10 Kniet, Wandstéiss mat 30 Kniet
|
VRB05KT |
Verännerlech Wanddirektioun, Vitess: 5 Kniet
|
29010KT 210V310 |
Haaptwanddirektioun: 290°, Vitess: 10 Kniet, dréint tëscht 210° an 310°, d'Variatioun gëtt nëmmen ugi wann d'Direktioun méi wéi 60° ännert.
|
Siichtwäit
D'Siichtwäit gëtt ëmmer véierstelleg a Meter ugewiesen. Ass d'Siichtwäit 10 km oder driwwer gëtt dat mat véier Néngtercher uginn. Siichtwäiten ënner 50 m ginn als "0000" ugewisen. Wa CAVOK an engem METAR ugewise gëtt, entfalen d'Siicht - a Wollekeninformatiounen.
Beispill
|
Erklärung
|
0000 |
Siichtwäit enner 50 m
|
0300 |
Siichtwäit 300 m
|
5000 |
Siichtwäit 5 km
|
9999 |
Siichtwäit 10 km oder driwwer
|
D'Pistsiichtwäit (RVR - Runway Visual Range) gëtt nëmmen uginn, wann d'Siicht entweeder op der Statioun selwer ënner 1500 m läit oder op eng vun de Landebunnen. Dobäi gëtt d'Nummer vun der Landebunn, d'Siichtwäit an d'Tendenz ugewisen. Bei der Tendenz sinn 3 Parametere méiglech: N (No Change), U (Upward) an D (Downward)
Beispill
|
Erklärung
|
R24/250N |
D'Siicht op der Pist Nummer 24 bedréit 250 m an huet wärend de leschten 10 Minutten net changéiert
|
R31/100D |
D'Siicht op der Pist Nummer 31 bedréit 100 m an huet sech wärend de leschten 10 Minutte verschlechtert
|
R18/800U |
D'Siicht op der Pist Nummer 18 bedréit 800 m an huet sech wärend de leschten 10 Minutte verbessert
|
R17/400V800 |
D'Siicht op der Pist Nummer 17 varièiert tëscht 400 an 800 m
|
Wiederzoustand
De Wiederzoustand gëtt mat follgenden Textbausteng duergestallt:
Wetter (FMH-1 HANDBOOK)
|
Qualifier
|
Weather Phenomena
|
INTENSITY OR PROXIMITY
|
DESCRIPTOR
|
PRECIPITATION
|
OBSCURATION
|
OTHER
|
-
|
Light
|
|
Moderate (see note 2)
|
+
|
Heavy
|
VC
|
In the Vicinity (see note 4)
|
|
MI |
Shallow
|
PR |
Partial
|
BC |
Patches
|
DR |
Low Drifting
|
BL |
Blowing
|
SH |
Shower(s)
|
TS |
Thunderstorm
|
FZ |
Freezing
|
|
DZ |
Drizzle
|
RA |
Rain
|
SN |
Snow
|
SG |
Snow Grain
|
IC |
Ice Crystals
|
PL |
Ice Pellets
|
GR |
Hail
|
GS |
Small Hail and/or Snow Pellets
|
UP |
Unknown Precipitation
|
|
BR |
Mist
|
FG |
Fog
|
FU |
Smoke
|
VA |
Volcanic Ash
|
DU |
Widespread Dust
|
SA |
Sand
|
HZ |
Haze
|
PY |
Spray
|
|
PO |
Well-Developed Dust/Sand Whirls
|
SQ |
Squalls
|
FC |
Funnel Cloud Tornado Waterspout (see note 3)
|
SS |
Sandstorm
|
DS |
Duststorm
|
|
1.
|
The weather groups shall be constructed by considering columns 1 to 5 in the table above in sequence, i.e. intensity, followed by description, followed by weather phenomena, e.g. heavy rain shower(s) is coded as +SHRA
|
2.
|
To denote moderate intensity no entry or symbol is used.
|
3.
|
Tornados and waterspouts shall be coded as +FC.
|
4.
|
The location of weather phenomena shall be reported as "in the vicinity of the station" when between 5 and 10 statute miles of the point(s) of observation.
|
|
Bewölkung
D'Bewölkung gëtt mat follgenden Ofkierzungen am engem METAR definéiert:
Ofkierzung
|
Komplett Bezeechnung
|
Erklärung
|
SKC |
Sky Clear |
0 Aachtel
|
FEW |
Few |
1-2 Aachtel
|
SCT |
Scattered |
3-4 Aachtel
|
BKN |
Broken |
5-7 Aachtel
|
OVC |
Overcast |
8 Aachtel
|
Ausserdeem kennen an engem METAR follgend Ofkierzungen optrieden:
- CLR (Clear): 0 Aachtel Wolleken ënner 12000 Fouss (Miessung duerch automatesch Statiounen).
- NSC (No Significant Clouds): d'Wolleken iwwer 5000 Fouss ginn ignoréiert sou laang et sech net emm Wiederwolleken (CB, TCU) handelt.
- NSW (No Significant Weather): gëtt ugi wann e signifikant Wiederphänomen zu Enn ass
- CAVOK (Clouds And Visibility OK), keng Wolleken enner 5000 Fouss, d'Siichtweit iwwer 10 km, keen Cumulonimbus, a keng besonnesch Wiederphänomener ze verzeechne sinn.
D'Héicht vun der Wollekenënnergrenz gëtt a Fouss ugewisen. Zousätzlech kënnen 2 Aarte vu Wolleken an engem METAR stoen:
Ofkierzung
|
Erklärung
|
TCU |
Towering Cumulus
|
CB |
Cumulonimbus
|
Am Fall vun Niwwel, wou keng Wolleken erkennbar sinn, gëtt d'Vertikalsiicht als Code VV uginn. Si gëtt, wéi d'Wolleken och, a Fouss uginn. Ass keng Vertikalsiicht erkennbar, gëtt VV/// uginn.
Loftdrock
De Loftdrock gëtt ëmmer véierstelleg duergestallt. D'Eenheet ass entweeder Hectopascal oder Inch.
Beispill
|
Erklärung
|
Q1030 |
QNH=1030 hPa
|
A3020 |
QNH=30,20 Inch
|
Wiederprevisioun
De sougenannten TREND enthält eng Previsioun fir déi nächst 2 Stonnen. Dobäi sinn 3 Parametere méiglech: NOSIG, TEMPO a BECMG:
Code
|
Komplett Bezeechnung
|
Erklärung
|
NOSIG |
No Significant Change |
Keng nohalteg Ännerungen z'erwarden
|
BECMG |
Becoming |
Hanner deem Code ginn déi nohalteg Wiederännerungen opgezielt
|
TEMPO |
Temporary |
Hanner deem Code ginn déi temporäre Wiederännerungen opgezielt
|
Ausserdeem kënnen, wann d'Ännerung fir e bestëmmten Zäitpunkt erwaart gëtt, 3 aner Parameteren ugi sinn. Déi véierstelleg Auerzäit gëtt dann hannendru gesat.
Code
|
Komplett Bezeechnung
|
Erklärung
|
FM1900 |
From 19:00 UTC |
Ännerunge ginn ab 19:00 UTC erwaar
|
TL1250 |
Till 12:50 UTC |
Ännerunge gi bis 12:50 UTC erwaart
|
AT0900 |
At 09:00 UTC |
Ännerunge ginn um 9:00 UTC erwaart
|
Nieft de Standard-Parametere kënnen an engem METAR nach zousätzlech Informatiounen agedroe ginn, wéi Pistnzoustand, rezent Wiederphänomener oder Wandscherung um Fluchhafen.
Code
|
Komplett Bezeechnung
|
Erklärung
|
RETSGR |
Recent Thunderstorm with Hail |
Wärend der leschter hallef Stonn ass e Wieder mat Knëppelsteng opgedrueden
|
WS ALL RWY |
Windshear Warning for all Runways |
Wandscherung op alle Pistn
|
SNOCLO |
Airfield closed due to Snow |
Fluchhafen ass wéinst Schnéi net operationnel
|
24//99// |
Runway 24 is being cleared |
Pist 24 gëtt grad geraumt
|
24 CLRD |
Runway 24 cleared |
Pist 24 ass geraumt an erëm disponibel
|
Kuckt och
Um Spaweck