Comiczeechner an -auteur, Illustrateur, bildende Kënschtler
De Marc Angel, gebuer de 24. Februar1960 zu Dikrech, ass e lëtzebuergesche BDs-Auteur, Graphiker, Moler an Illustrator, deen zu Biekerech lieft a schafft.
Hien ass vun 1981-1983 zu Köln op d'Fachoberschule für Gestaltung gaangen. No engem ofgebrachene Graphic-Design-Studium huet hien als Graphiker an Illustrateur fir verschidde Publicitéitsagencen, Editiounen a kulturell Institutioune geschafft.
Ufanks der 80er Joren huet hien Illustratioune fir d'Lëtzebuerger Land gemaach. E war och un der Gestaltung vun der L'histoire Luxembourgeoise (1989) an der Ausgab vum Jean Probst als Comic-Auteur bedeelegt.
Zanter 2008 verëffentlecht hie Comics an Illustratiounen, dacks am Eegeverlag ënnert dem Label INSITU, awer och fir Editions Guy Binsfeld an Op der Lay.
2007, Konzept a Koordinatioun vum Projet «Le calendrier des migrations» («Luxembourg et Grande Région, capitale européenne de la culture 2007»), Perséinleche Bäitrag: «L'histoire du Douanier»
2010, Galerie Am Pi, Weißenseifen (D)
2010/11, Corporate Design a kënschtleresch Gestaltung vun der Biekerecher Millen
2012, Artium Art Gallery, Lëtzebuerg
2013, Galerie d'Art Armand Gaasch, Lëtzebuerg
2015, "Reflets d'artistes", Galerie Op der Kap (zesumme mam Christophe Olinger)
2019, "Livre/dessin" an der Serie "INTRO" am Konschthaus Beim Engel
Bicher
Deemols, 1997, 1999, 2001, Bande dessinée an 3 Bänn iwwer d'Geschicht vu Lëtzebuerg (Ed. Guy Binsfeld),
Nixe Geeschter Hexemeeschter, 2003, illustréiert Buch (Ed. Phi);
Eng Rees ëm d'Welt, 2008, Kannerbuch (Präis fir de beschte Kanneralbum vum Educatiounsministère)
Nuages sur la rizière / Wolken über dem Reisfeld, 2009, BD (Insitu/Fairtrade Luxembourg)
Pelle Svensson und die Republik der Tiere, 2011, BD an Zesummenaarbecht mam Thorunn Egilsdottir an Thomas Schoos (Insitu/Eida-Green)
De Schëmmelreider vun Useldeng, 2016, BD (Insitu/Gemeng Useldeng)
De Jas / Le Yas, 2015, Graphic Novel an Zesummenaarbecht mam Jean-Louis Schlesser (Zenario), kënnt an der Wochenzeitung "Le Jeudi" eraus a gëtt duerno als Album bei Insitu verëffentlecht.