Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Belsche Kongo
Zanter datt de Kongo vum belsche Kinnek Leopold II. als Privatbesëtz exploitéiert gouf, waren och Lëtzebuerger dobäi.
1931 hunn 252 Lëtzebuerger am Kongo gelieft. D'Zuel goung an den 1930er Joren erof, louch awer 1950 bei 410 an 1958 bei 575. Wéi de Kongo 1960 onofhängeg gouf, hunn eng 600 Lëtzebuerger am Kongo gelieft.
No der Onofhängegkeet am Joer 1963 waren et der just nach 155, déi decidéiert haten, dozebleiwen, vill dovu Missionnairen an Nonnen, wéi d'Soeurs hospitalières de Sainte-Élisabeth an d'Schwëstere vun der Doctrine chrétienne.[2] De groussen Deel ass awer fortgaangen, déi allermeescht goungen zeréck op Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu de Belsch haten déi, déi an der Administratioun geschafft hunn, keng Garantie drop, an de Staatsdéngscht doheem opgeholl ze ginn. Déi, déi bal alles hu missen zeréckloossen, hu vun der Fondation Grande-Duchesse Charlotte gehollef kritt. Och huet d'Belsch de Lëtzebuerger manner héich Pensiounsuspréch ugerechent wéi hire Landsleit.
Tëscht 1898 an 1930 war de Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden Edouard Luja (1875-1953) fënnefmol am Kongo an huet eng Partie nei Aarte fir d'Wëssenschaft entdeckt. An deem Zäitraum erschéngen net manner wéi fënnef wëssenschaftlech Artikelen[5] am Bulletin vun der Société des naturalistes luxembourgeois, déi mat dem Kongo ze dinn hunn, virun allem mat den Entdeckunge vum Luja.
De lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier Will Kesseler (1899-1983) huet tëscht 1924 an 1969 am Kongo gelieft.
Guillaume Capus, Mataarbechter vum Generalgouverneur vu Franséisch-Indochina vun 1879 bis 1907
Kontrovers "Krëppeneegerchen"
Fir Chrëschtdag 2024 gouf an der Kierch zu Bëschrued eng Krëppchen opgeriicht. Bei dëser Geleeënheet goufen och Sue gesammelt fir de Projet "Pëtzer fir Madagaskar" vun den Häerz-Jesu-Priister vu Clairefontaine. Dobäi louch e Flyer op deem stoung: "No aler Traditioun hale mir zu Bëschrued de Brauch vum Krëppeneegerchen bäi." Do stoung dann och eng Figur vun engem donkelhaitege Kand, dat bei engem Kuerf knéit an d'Hänn gefaalt huet. An de Kuerf konnt een eng Mënz werfen an dann huet dat Kand mam Kapp gewackelt fir Merci ze soen. Um Sockel vun der Figur stoung op enger Plackett: Ich war ein armer Heidensohn! / Nun kenn’ ich meinen Heiland schon / Und bitte darum Jedermann, / Nehmt Euch der armen Heiden an.[6]
D'Luxemburger Wort vum 8. Januar 2025 huet op dëse Krëppeneegerchen[7][8] opmierksam gemaach, deen zwar bis an d'1970er an 1980er Joren zum "nomalen" Inventar vun enger Krëppche gehéiert huet, zanter hir awer verschwonne war.[9] De Régis Moes ass iwwer dës Figur "irritéiert", well grad zu Bëschrued, dem Heemechtsduerf vum Nicolas Grang, d'Strooss, déi nom Grang benannt war am Juli 2020 an „Um Schéckelt“ ëmbenannt gouf. Am Artikel steet och, datt d'Bistum iwwer dës Figur "erstaunt" wier an zitéiert d'Bistum mat de Wierder: "Unsere Gegenüber in den ärmeren Ländern sind keine hilflosen Bittsteller, sondern gleichberechtigte Partner."
De Pater Jean-Jacques Flammang, zoustännege Paschtouer vu Bëschrued, verdeedegt awer de Krëppeneegerchen op senger Facebooksäit[10] a mengt an engem Kommentar "Im Wort ist heute eine zeitgemäße rassistesche Deutung des Negerchen zu lesen, die es früher glücklicherweise nicht so gab." an hien hofft, datt d'nächst Joer bei ville Krëppecher erëm den "Negerchen" steet an dat "als Protest gegen Rassismus, Unterdrückung und ausbeuterische Kinderarbeitung heute". An de Kommentaren gëtt dann als Géigepol op d'Ausstellung aus dem Joer 2022 am Nationalmusée iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg verwisen.
Literatur
Boulénger, G.-A., 1909. Catalogue des Poissons du Congo du Musée d'Histoire Naturelle du Luxembourg. Faune du Sankuru à Kondué. Bull. Soc. Nat. luxemb. 19: 189-202.
Boulénger, G.-A., 1910. Poisson Cyprinodonte nouveau du Bas-Congo. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20: 285-285.
Comes, Isidore, 1918. Mwumbu. oder: De gele'nten Neger. Eng Farce an engem Akt. Musek vum Max Menager. Linden & Hansen, Letzeburg. 31 S.
Gras, Albert, 1885. La zone torride: souvenirs du Sénégal. Jos. Beffort, Luxembourg. 270 p.
Grouvelle, A., 1915. Clavicornes africains du musée d'histoire naturelle de Luxembourg, récoltés par M. Ed. Luja de Luxembourg, directeur des plantations Lacourt à Kondué, Congo belge. Bull. Soc. Nat. luxemb. 25.1: 103-123.
Haler, Maria, 1976. Littérature orale africaine. Quelques mythes et contes du Zaïre. Thèse de doctorat. Faggalah, Le Caire, Lumumbashi.
Haler, Maria, 1980. Littérature orale africaine: quelques mythes et contes du Zaïre. Recherches africaines (Lubumbashi, Zaire). Éditions Saint-Paul, Lubumbashi, Zaire, Afrique. 40 p.
Hemmer, Carlo, 1951-1952. Regards (trop rapides) sur le Congo. L'Écho de l'Industrie, Luxembourg. [13 Artikelen déi tëscht dem 15.12.1951 an dem 31.05.1952 erschénge sinn.]
Hemmer, Carlo, 1956. Kongoreise. 72 S. Land-Verl., Impr. Bourg-Bourger, Luxembourg.
Hemmer, Carlo, 1956. Les exportations luxembourgeoises vers le Congo belge. Métropole, Anvers, 30.05.1956.
Hilgert, Romain, 1992. Banken, Kaffi, Hädekanner - 500 Jahre Luxemburg und die Dritte Welt; Lëtzebuerg, Verlag COPE, 1992; 163 Säiten.