D'Maria (betounen op der éischter Silb; Latäin fir „Mierer“, Singular: d'Mare) sinn donkel Déifflächen um Äerdmound (bal nëmmen op der viischter Moundsäit), déi 16 Prozent vun der Mounduewerfläch bedecken. Si kruten hiren Numm, well se fréier fir Mierer gehale goufen. Si bestinn aus 3,1 bis 3,8 Milliarde Joer alem donkele Basalt, hunn nëmme wéineg Krateren a si vun enger 2 bis 8 Meter décker Regolithschicht bedeckt, déi räich un Eisen a Magnesium ass. Se si méiglecherweis duerch grouss Aschléi an der Fréiphas vum Mound entstanen. Well an dësem Entwécklungsstadium de Mantel nach flësseg war, si s'uschléissend mat Lava (Lunabas) aus dem Moundkär vollgelaf.
D'Maria hunn, mat Ausnam vun de Krateren, nëmme wéineg Héichtenënnerscheeder vu maximal 100 Meter.
Bei den als „Séien“, „Suppen“ a „Buchten“ bezeechente Strukturen handelt et sech och ëm basaltesch Déiffläche mat zu de Maria vergläichbarer Genesisgeschicht.
Interaktiv Kaart
Op dëser Foto vum Mound sinn déi gréisst Strukture mat den entspriechende Wikipediaartikele verlinkt. D'Nimm erschéngen nieft dem Cursor.
D'Moundachs steet op dësem Bild ongeféier 45 Grad schréi no lénks. Et gesäit een en also sou, wéi een en a mëttleren nërdleche Breeten no sengem Opgank am Oste kucke kann.
Ausser de Maria sinn och e puer Krateren a Gebiergszich agezeechent.