Seng éischt Plaz krut hien als Zeechner beim Büro Sutor, fir duerno 4 Joer als Chimist an der ZockerfabréckWanze zu Huy ze schaffen. Duerno huet en dräi Joer laang e Modellhaff an der ProvënzAntwerpen gefouert, fir dann Direkter vum Laboratoire vun der Zockerfabréck Cheik-Fadel an Egypten ze ginn.
Zesumme mam Pierre Braun war de Klein tëscht 1904 an 1908 ee vun den Haaptleit déi sech Suergen ëm d'Drénkwaasserversuergung am Südweste vum Land gemaach hunn, an op deenen hir Pläng hin, schliisslech de Syndicat des eaux du Sud entstanen ass.