De Louis Deny, gebuer den 9. Januar 1797 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 30. Juni1875, war fir d'éischt Zaldot, duerno Greffier vun der Chamber a Generalsekretär vun der Regierung.
Nodeems hien zanter 1816 mat Archivéierungsaarbechte beschäftegt war, gouf hien 1840 zum Archivist vun der Regierung ernannt a war domat den éischten Archivist vum haitege Staatsarchiv.