Den nërdlechen Deel läit an der Gemeng Wäiswampech, iwwerdeems de südlechen Deel zanter Enn 2011 zur Gemeng Klierf gehéiert. Virdrun huet en zur Gemeng Hengescht gehéiert ier déi – zesumme mat Munzen – bei d'Gemeng Klierf geprafft gouf.
Geographie
De Lausduer läit westlech vun der N7, op enger Héicht vu ronn 503 Meter a besteet aus ronn enger hallwer Dosen Haiser, déi op dem alen Deel vun der Nordstrooss leien, déi an den 1970er Joren nei nivelléiert a riichtgezu gouf.
Dat eenzegt Haus an der Gemeng Wäiswampech huet d'Adress 3 Lausduarre; d'Haiser aus der Gemeng Klierf si just nummeréiert (1, 2, 4 a 6). Den eenheetleche Postcode ass den 9968.
Trivia
Den Numm Lausduer krut am Abrëll 2018 e bësse méi Bekanntheet nodeems et bei enger Poursuite zu engem Autosaccident koum an dobäi ee Polizist leie bliwwen ass a véier anerer blesséiert goufen[4].