De geneeën Alter vun der Allee ass net bekannt an et ass och net gewosst ob et sech ëm Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlannen (Tilia cordata) handelt.
Lokalisatioun
D'Lannen, tëscht deene vereenzelt Eschen an Eeche stinn, stinn an enger Allee, déi op der Héicht vun der Gréiwelsser Barrière vun der Lonkecher Strooss (E44 / N5) bis bei dat éischt Wunnhaus beim Haff féiert. Se läit an der SektiounLuerenzscheier vun der Gemeng Bartreng.
Geschicht
Bis elo (2024) gouf et op Pabeier nach keng Verëffentlechung mat der Beschreiwung a Fotoe vun dëser Allee.
Op de Lanne vun dëser Allee kënnt eng bemierkenswäert héich Zuel vu Flechtenaarte vir, dorënner och e puer seelener. Ënner deene ronn 50 Aarten déi hei festgestallt goufen, ass och eng, déi bis haut nach net vun de Spezialiste konnt identifizéiert ginn.
Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Tabell S. 247; keng Beschreiwung a keng Foto vun der Allee an dësem Buch).