Den Tour, deen och fir Mountain Biken op ass, ass 47 km laang an zitt duerch d'Uertschafte Buret, Limerlé, Huldang, Aasselbuer an Tratten. Zwou Schleefe vun 12 oder 16 km erlaben et den Tour deelweis ze goen.
Den Tour benotzt zum Deel al Weeër, wéi z. B. de réimesche Wee (Kiem) vu Reims op Köln, de Postwee aus dem 16. Joerhonnert an al Kadasterweeër.
Den Tour gouf vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an der Verwaltung vum Parc naturel des deux Ourthes am Kader vum Interreg Projet IIIA, mam Titel Grandeur et intimité des paysages, realiséiert. Finanzéiert gouf de Projet vun der Europäescher Unioun, der Wallounescher Regioun an dem Ëmweltministère vu Lëtzebuerg.
D'offiziell Aweiung war den 1. Juni2008, bei Geleeënheet vum Gréngen Zuch (de Gréngen Zuch gëtt all Joer vun der Natura a.s.b.l. organiséiert).
De grénge Bändchen, dee beim Grenzpoteau 265 um Lieu-ditHara, wou déi dräi betraffe Gemengen zesummestoussen, gespaant war, gouf vun de MinistereFernand Boden a Benoît Lutgen, den Tourismusministere vu Lëtzebuerg an der Wallounescher Regioun, duerchgeschnidden, dat a Presenz vun de betraffene Buergermeeschteren an enger Rëtsch anere gewielte politesche Verantwortlecher vu Lëtzebuerg an der Wallounescher Regioun.
Sensibiliséierung vun de lokale Populatioune fir hir Ëmwelt;
Opwäertung vum landschaftleche Patrimoine vun den Ardennen.
Quellen
La Traversée des Pays et des Âges aux confins des eaux de la Meuse et du Rhin. Topo-guide de randonnée transfrontalière. Erausgi vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an dem Parc naturel des deux Ourthes. 129 S.
Aux confins des eaux de la Meuse et du Rhin. Grenzüberschreitende Landschaften an der Wasserscheide von Maas und Rhein. (Dëst ass d'geographesch Kaart déi zum Topoguide gehéiert. Op der Récksäit fënnt een Erklärungen, op Franséisch an op Däitsch, zum Tour).