L'orchidée ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Cyrus Neshvad.
E gouf den 10. November 2011 fir d'éischt gewisen.[1]
Wourëms geet et am Film?
De Fernand ass vu sengem Jong géint säi Wëllen an e Fleegeheem gestach ginn. Wéi e säin Zëmmernoper Angelo kenne léiert, gesäit seng Situatioun op eemol net méi sou driipseg aus...
Präisser
De Film ass a ronn 20 offizielle Selektiounen op Festivalle gewise ginn an huet 9 Präisser gewonnen: "Prix du réalisateur" um Filmfestival vun Armoricourt 2012, "Prix professionel du jury" um Festival vu Mulhouse, "Prix du public" um International Short Film Festival zu Lëtzebuerg, "Prix du jury", "Prix du réalisateur", "Prix de la culture", "Prix du public" um Filmfestival Les petits claps zu Metz[2] an de "Prix du public" um Filmfestival vu Beauvais 2013.
De Film war an der Kategorie "Beschte Kuerzfilm" fir de Lëtzebuerger Filmpräis 2012 nominéiert.[3]
Kuckt och
Referenzen
- ↑ Fiche op filmprais.lu
- ↑ paperjam.lu: « L'orchidée » de Cyrus Neshvad gagne quatre prix à Metz (6. Februar 2012)
- ↑ Presentatioun vum Film um Site vum Lëtzebuerger Filmfong Archivéiert de(n) 24.10.2021. Gekuckt de(n) 14.12.2021.