D'Kierch Notre-Dame du Raincy ass eng modern Kierch, déi tëscht 1922 an 1923 an der franséischer Gemeng Raincy (Seine-Saint-Denis) vun den Architekten Auguste a Gustave Perret gebaut gouf.
Si gëtt als en Emblème vun der moderner Architektur ugesinn, well si a Frankräich déi éischt Kierch war, déi am arméierte Bëtong gebaut gouf.
Dofir gouf si och duerch en Arrêté vum 29. Juli 1966 als historescht Monument klasséiert.
Si gëtt och alt nach Sainte-Chapelle du béton armé genannt.