De Patréiner vun der haiteger Kierch ass den hellege Willibrord, deem säi Fest de 7. November gefeiert gëtt. Bei der vireger Kierch war et den hellege Maximäin.
Vis-à-vis vun der haiteger Willibrorduskierch, do wou haut d'Claus-Cito-Plaz ass, stoung nach bis 1985 déi al Maximäinskierch. Si war 1788 gebaut an 1862 vergréissert ginn. Si war zum Schluss ze kleng. Nom Bau vun der neier Kierch gouf se ofgerappt.
Déi haiteg Kierch
Déi nei modern Kierch gouf tëscht 1978 an 1982 no Pläng vum Architekt André Haagen vun der Architektegemeinschaft Haagen- Ewert- Jegen gebaut. D'Firma Alleva vu Péiteng war fir de Bau vun der Bëtongskonstruktioun zoustänneg. Den 23. Mee 1982 gouf se vum BëschofJean Hengen ageweit.
De Kräizwee
De Kräizwee aus Bronz, bei deem d'Kräizdunnen aus réimeschemTravertin gemeesselt goufen, hänkt un der Mauer, déi vis-à-vis vum Altor ass. E staamt vun der Kënschtlerin Bettina Sabbatini.
De Kräizwee, deem seng Statiounen op eng eegewëlleg Manéier ubruecht sinn, besteet aus 15 Deeler.
De Beichtstull
De Beichtstull gëtt, wat seelen ass, nach reegelméisseg fir d'Ouerebeicht gebraucht.