D'Kierch zu Kréindel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Blasius, deem säi Fest den 3. Februar gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Haaptstrooss, dem CR332. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
De Chronogramm
Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1745 duerstellt:
- LAUDETUR JESUS
- CHRISTUS EXALTETUR
- PARITER VIRGO MARIA
Geschicht
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Filialkierch vun der Par Tratten, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Tratten huet ausser der Filialkierch vu Kréindel och nach d'Parkierch vun Tratten an d'Kapell vun der Trätter Strooss gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck