Kierch Eschduerf

Kierch vun Eschduerf
Parkierch vun Eschduerf (2006)

Parkierch vun Eschduerf (2006)
Parkierch vun Eschduerf (2006)
Uertschaft / Plaz Eschduerf
Par Öewersauer
Saint-Pirmin
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Hélène
Konsekratioun 1895
Koordinaten 49° 53’ 07.1’’ N
      05° 56’ 06.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Eschduerf ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert. Et ass och d'Parkierch vun där neier Par.

D'Patréinesch vun der Kierch ass déi helleg Helena, där hiert Fest den 18. August gefeiert gëtt.

Se steet op der Kräizung vun der Haaptstrooss (An der Gaass), dem CR314, mat der Juddegaass.

Den 12. Februar 2024 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]

Geschicht

Am 10. Joerhonnert huet e gewëssen Adlege Maingaud resp. Meginold oder seng Nofollger eng Kierch baue gelooss, déi der Helleger Helena geweit war.[2]

Zu Eschduerf gouf am Joer 1717 eng nei Kierch gebaut.[3]. Dës Kierch gouf um Enn vum 19. Joerhonnert duerch déi haiteg Kierch ersat, déi den 12. November 1895 konsekréiert gouf.

Bis de 7. Mee 2017 war d'Kierch vun Eschduerf och d'Parkierch vun der Par Eschduerf. Et war déi eenzeg Kierch an der Par Eschduerf.

Klacken

Am Kierchtuerm vun Eschduerf hänke 6 Klacken déi an den Téin c", b', a', g', f' an c', lauden. Lauschtert op You tube

Par Eschduerf

Paschtéier

Kiermes

D'Eschduerfer Kiermes ass ëmmer de leschte Sonndeg am August.
Donieft gëtt zu Eschduerf och eng "kleng Kiermes" gefeiert, an zwar op Jousefsdag, den 19. Mäerz.

Paschtoueschhaus

D'Paschtoueschhaus steet hanner der Kierch a gouf am Joer 1900 vum Eschduerfer Entreprener Jean Stephany gebaut.

Parhaus

Nieft dem Paschtoueschhaus hanner der Kierch steet d'Parhaus, dat an den 1990er Joren op Initiativ vum deemolege Paschtouer Félix Steichen onentgeltlech vun e puer Eschduerfer Leit gebaut ginn as. D'Aweiung war den 28. Juni 1998.

Literatur

  • Philippe Scouville: Handbüchlein der Bruderschaft Jesus, Maria, Josef, gegründet durch Ph. Scouville, S. J., eingeführt in Eschdorf durch P. Wiltz, S. J., am 19. März 1720, Imprimerie St. Paul, 1953
  • Paul-Marie Meier: T.H. Welter, Pfarrer in Eschdorf-Esch (1777-1784), Hemecht, 1988, Säiten 77 bis 91
  • Paul-Marie Meier: Nicolas Neumann: Pfarradministrator von Eschdorf/Esch 14.1.1795-16.1.1803, Hemecht, 1988, Säiten 517 bis 525
  • Paul-Marie Meier: Joh. Bapt. Pinths Pastoraljahre 1888-1895 als Pfarrer von Eschdorf, Hemecht, 1995, Säiten 205 bis 229
  • Zenner, Roby: Aus der Pfarrgeschichte von Eschdorf, Lëtzeburger Sonndesblad, 1988, Nr. 25, Säit 28
  • Roby Zenner: Aus der 600 Jahre alten Pfarrei Eschdorf, Lëtzeburger Sonndesblad, 1997, Nr. 28, Säit 24

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Kierch Eschduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  2. Nadine Schartz, Esch/Sauer in der Geschichte, Das Dorf, das jünger ist als geglaubt. wort.lu [€] (29.06.2023). Gekuckt de(n) 29.06.2023. // Das Dorf, das jünger ist als gedacht, Luxemburger Wort, 29.06.2023, S. 14-15
  3. "Chronica Hubertiana" am Buch 250 Joer Poorkiirch am Duerf Kaunerëf, S. 154