De Kepler-452 ass e Gielen Zwerg am StärebildCygnus. Hie läit op enger Distanz vun ongeféier 1400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet eng Temperatur, déi där vun eiser Sonn gläicht. De Stär ass awer ëm 20 % méi hell an huet een ëm 10 % méi grousse Radius. Seng Spektralklass (G2) ass déi selwecht wéi déi vun eiser Sonn.
Déi bis elo séierst RaumsondenHelios 1 an 2 géife knapps sechs Millioune Joer brauchen, fir d'Distanz tëscht eisem Sonnesystem an dem Kepler-452 zeréckzeleeën.
Planéitesystem
Duerch Observatioune vum WeltraumteleskopKepler gouf den 23. Juli2015 d'Entdeckung vun engem Exoplanéit ëm de Kepler-452 bekanntgemaach, deen d'Bezeechnung Kepler-452b krut. De Planéit huet ongeféier den 1,6-fachen Duerchmiesser vun eiser Äerd. Hie kreest ëm säin Zentralstär an enger habitabler Zon bannen 385 Äerddeeg. Méiglecherweis handelt et sech beim Kepler-452b ëm e Gestengsplanéit, op deem flëssegt Waasser kéint sinn.