Kastilien-León (sp: Castilla y León) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.
Geographie
Kastilien-León läit am Norde vu Spuenien a grenzt am Norden un d'Regiounen Asturien, Kantabrien a Baskeland, am Westen u La Rioja an Aragonien, am Süden u Madrid, Kastilien-La Mancha an Extremadura an am Osten u Galicien a Portugal. D'Fläch huet 94.223 km². Kastilien-León ass domat déi gréisst Gemeinschaft a Spuenien an hëlt 18,6 % vu Spuenien an.
D'Haaptstad ass Valladolid.
Andeelungen
Kastilien-León ass an 9 Provënzen agedeelt, déi hirersäits a Gemengen agedeelt sinn.
Geschicht
Kastilien-León ass zanter dem 2. Mäerz 1983 eng autonom Gemeinschaft.
Politik
De President vu Kastilien—León ass de Juan Vicente Herrera Campo (PP).
Parlamentaresch Vertriedung am spuenesche Kongress sinn 33 Sëtz an am Senat sinn 3 Sëtz.
Demographie
Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel 2.528.417, dat si 5,69 % vun der spuenescher Populatioun.
Kuckt och
Um Spaweck