Kappa

De griichesche Buschtaf „Kappa“

De Kappa (griicheschen Neutrum, Majuskel Κ, Minuskel κ oder ϰ) ass den 10. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 20.

Gebrauch vum Kappa

An der Physik gëtt d'Symbol fir verschidde physikaldsch Gréisste gebraucht. Et ass op enger Säit d'Formelzeeche fir d'elektresch Leetfäegkeet, fir d'kinematesch Viskositéit an zum aneren d'Formelzeeche vun der Kompressibilitéit. Heiansdo gëtt och d'Formelzeeche fir d'Isentropenexponent gebraucht.

D'Mathematik gebraucht d'Symbol fir d'Bezeechnung vun der Krëmmung.

An der Psychologie gëtt d'Symbol fir Cohens Kappa als Mooss vun der Inter-Rater-Koherenz benotzt.

An der Medezin gi bei Monoklonaler Gammopathie (Plasmozytom a Virstufen) d'Paraproteinnen (inkomplett Immunglobulinnen) fir d'Differenzéierung a Miessung a Kappa- a Lambda-Proteinnen agedeelt.

Um Spaweck

Commons: Kappa – Biller, Videoen oder Audiodateien