D'Zeechen E kënnt vum phenizesche Buschtaf „he“ a gouf vun de Griiche fir de Vokal „E“ gebraucht. Den Numm (gr.) bedeit „einfacht“ oder „entbléisst“ (géintiwwer der Buschtawekombinatioun „αι“, déi zanter der hellenistescher Zäit de selwechte Lautwäert huet).
Den Epsilon am Gebrauch
An der Mathematik déngt ε fir d'Bezeechnung vun enger belibeg klenger Zuel déi méi grouss ass wéi Null. Sou eng Zuel gëtt an der Analys bei der Definitioun vu Grenzwäerter wéi Supremum an Infimum gebraucht. Dat Gebitt gëtt dofir och als „Epsilontik“ bezeechent.
An der Vollekswirtschaftsléier gebraucht een ε dacks fir d'Akommenselastizitéit souwéi fir de reale Wiesselcours, definéiert duerch: ε = nominelle Wiesselcours * Präisniveau Am Land / Präisniveau am Ausland.