D'Kapell zu Rëmeljen ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral an der Uertschaft.
Geschicht
Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell an der Par Aasselbuer, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Aasselbuer huet ausser der Kapell vu Rëmeljen och nach d'Parkierch vun Aasselbuer an d'Kapell vu Saassel gehéiert.
Kuckt och
Um Spaweck