Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Royal Society of Edinburgh, Académie des sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino
De Lagrange gouf als Giuseppe Ludovico Lagrangia gebuer. Säi Papp war e guttsituéierte Beamte vu franséischer Ofstamung. Duerch Spekulatiounen hat d'Famill awer erhieflech finanziell Verloschter. De Lagrange ass an den Turiner Kolléisch gaangen, wou hie mat 17 Joer dat éischt mathematescht Interessi gewisen hat, nodeem hien zoufälleg op eng Publikatioun vum Edmond Halley, gestouss war. Säi Papp wollt, datt hie Jurist sollt ginn, awer an der Schoul hat sech de Lagrange méi fir d'Mathematik intresséiert, speziell fir d'Geometrie. An engem Joer hat hie sech dat komplett Wësse vun engem vollstänneg ausgebilte Mathematiker aus senger Zäit bäibruecht.
Mat 19 Joer krut hien e Léierstull fir Mathematik op der kinneklecher Artillerieschoul zu Turin. Do huet hien och seng éischt wëssenschaftlech Aarbechten iwwer d'Differentialequatiounen a d'Variatiounsrechnung publizéiert. 1757 hat hien zu de Grënner vun der Turiner Akademie gehéiert.
Nom Doud vum Friedrich II. (1786) goung hie 1787 als Pensionär vun der Akademie sc op Paräis. No enger Phas vun Depressiounen huet hie 1788 säi bekannt Wierk iwwer theoreetesch Physik Mécanique analytique publizéiert; eng weider Publikatioun déi d'Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik behandelt.
Ënner dem Napoleon I. gouf hien zum Grof a Senateur vu Frankräich ernannt. Doduerch huet hien de Papp vum Augustin Louis Cauchy kennegeléiert a gouf en Ënnerstëtzer vum Cauchy.
De Lagrange ass am Panthéon opgeboort. Hien ass och mat sengem Numm um Eiffeltuerm veréiwegt (kuckt dozou: 72 Nimm um Eiffeltuerm).