Den Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik besteet doran, eng Léisung fir de Bunnverlaf vun dräi Kierper ënner dem Afloss vun hirer géigesäiteger Unzéiung (Gravitatioun) ze fannen. Fir quantitativ Resultater ze kréien, muss en am allgemenge Fall numeresch geléist ginn.
D'Stabilitéit vun engem Dräikierpersystem gëtt duerch de Kolmogorow-Arnold-Moser-Theorème beschriwwen.
Léisunge sinn ënner anerem méiglech, wann d'Mass vun engem Himmelskierper kleng ass:
Et léist een den Dräikierperproblem dann iterativ, haut mat Computer, oder
berechent Bunnstéierungen, déi de klengste (liichtste) Kierper duerch déi méi grouss (méi schwéier) kritt.
Exakt léisbar ass et awer beim Gläichgewiicht vun der Gravitatioun tëscht de groussen (schwéieren) Kierper – an de Lagrange-Punkten L1 bis L5. De bannenzege Punkt L1 gëtt beispillsweis an der Raumfaart fir d'Sonnefuerschung gebraucht. De SOHO-Sonnenobservatoire ëmkreest dee Punkt.
Fir den Eenzelfall bei dräi gläichgrousse Kierpermasse gëtt et eng weider Léisung, bei där d'Objeten op eng an der selwechter Bunn, déi d'Form vun enger „∞“ huet, hannerenee lafen.