Joseph-Germain Strock

Joseph-Germain Strock
Gebuer 20. November 1865
Beefort
Gestuerwen 31. Dezember 1923
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

De Joseph-Germain Strock, gebuer den 20. November 1865 zu Beefort, a gestuerwen den 31. Dezember 1923 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Moler a Konschterzéier.

Zu sengem Wierk zielen Zeechnunge vun historesche Militäruniformen, Portraiten a Landschaften.

Säi Liewen

De Joseph-Germain Strock huet am Stater Kolléisch geléiert an ass duerno op Antwerpen op d'Académie royale des beaux-arts an op d'Académie Julian zu Paräis gaangen.

Hien huet 1903 seng Maîtrise de dessin gemaacht a war provisoresch Chargé de cours an der Industrieschoul bis en do 1905 eng Nominatioun als Zeecheprofesser krut.

De Joseph-Germain Strock war vun 1910 bis 1916 Sekretär vum Cercle artistique.

Vun 1912 bis 1917 war hie Chargé de cours am Stater Meedercherslycée.

Ausstellungen

Biller

Literatur

  • Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg, réalisé par l'Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur, S. 96, Imprimerie Saint-Paul, 1987, ISBN 2-87963-000-2

Auszeechnungen

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Joseph-Germain Strock – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. 1,0 1,1 Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 3. Januar 1924, S. 3