Stadentwécklungsplang vun Esch-Uelzecht, 1924-25.
Den Hermann Josef Stübben , gebuer den 10. Februar 1845 zu Hülchrath bei Düsseldorf an der preisescher Rhäinprovënz , gestuerwen den 8. Dezember 1936 zu Frankfurt um Main , war en Architekt, Urbanist an Auteur vu Fachbicher.
Hie war Oberbaurat zu Köln an hat der d'Stad Lëtzebuerg Projeten (Urbaniséierungs- an Nivellementspläng souwéi Zeechnungen) proposéiert, fir de Plateau Bourbon an de Lampertsbierg z'amenagéieren[ 1] .
Och fir d'Stad Esch-Uelzecht huet hie Mëtt der 1920er Joren e Plang ausgeschafft, wéi dës sech no Norden hin ausbreede kéint, fir bis zu 60.000 Awunner Plaz bidden ze kënnen.
Literatur
Philippart, R. , 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8 , S. 59
Lorang, Antoinette , 1988, Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg. Vol. CIII, PSH, S. 303
Referenzen
↑ Luxemburger Lexikon S.411