|
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Jean-Baptiste Wercollier (genannt “Batty”), gebuer den 28. Juni 1868 am Stadgronn, a gestuerwen de 24. September 1946 an der Stad, war e lëtzebuergesche Sculpteur.
Nom Kolléisch huet hie beim Sculpteur Putz an der Stad geschafft, an ass duerno op Stroossbuerg, op d'École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis, op d'Kunstgewerbeschule Karlsruhe[1] an op d'Académie royale des beaux-arts zu Bréissel[1] gaangen, fir sech an der Skulptur weider ze perfektionéieren. 1893 koum en zeréck op Lëtzebuerg a gouf 1896 Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul. Seng Spezialitéit ware Büsten aus Holz a patinéiertem Gips.
1906 gouf de Jean-Baptiste Wercollier - zesumme mam Étienne Gallowich - domat beoptragt fir d'Sculpturen, d'Stuckdekoren an d'Konschtschmattaarbechten fir d'Badanstalt an der Stad z'entwerfen[1].
De Jean-Baptiste Wercollier war Grënnungsmember vum Cercle artistique de Luxembourg.
1909 krut hien, zesumme mam Claus Cito, de Prix Grand-Duc Adolphe[2].
De Jean-Baptiste Wercollier war de Papp vum Sculpteur Lucien Wercollier.
Wierker
Gielercher
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Robert L. Philippart “Marché ouvert, production industrielle, quelle part pour l'artisanat?” onsstad Nr 111/2016, S. 18-19
- ↑ 2,0 2,1 Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) gekuckt den 29. Januar 2017
- ↑ 3,0 3,1 Doudesannonce vum Jean-Baptiste Wercollier am Escher Tageblatt vum 26. September 1946 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 22.02.2015.