Cubagua (Spuenesch: Isla de Cubagua) ass eng Insel am Karibesche Mier. Zesumme mat den Insele Margarita a La Coche bilt se de venezuelanesche Bundesstaat Nueva Esparta.
Cabagua ass déi klengst an déi am mannste bewunnt Insel vun Nueva Esparta a läit 16 km nërdlech vun der Araya-Hallefinsel.
D'Insel ass 9,2 × 3,6 km grouss, huet eng elliptesch Form an eng Fläch vun 22,438 km².
Um Spaweck