Den Hydra-Centaurus-Superkoup ass e Superkoup, deen an der groussraimeger Struktur vum Universum den noosten Noper vun eisem lokale Superkoup (Virgo) ass.
Den Hydra-Centaurus-Superkoup besteet aus zwou grouss Ënnergruppen:
d'Hydra-Ënnergrupp, déi haaptsächlech aus dem Hydra-Galaxiëkoup (Abell 1060) besteet.
Déi zwou Ënnergruppe ginn och als getrennt Superkéip betruecht, déi awer souwuel ënnerenee wéi och mat dem Virgo-Superkoup a Bezéiung stinn. Déi dräi Superkéip ginn all vum méigleche Groussen Attrakter beaflosst.
D'Distanz vum Superkoup beleeft sech op 140 Mio. Liichtjoer (43 Mpc) fir de nächstgeleeënen Centaurus-Koup, bis zu 300 Mio. Liichtjoer (90 Mpc) fir de Koup Abell 3581. Déi hellst Eenzelgalaxie vun der Struktur ass déi elliptesch GalaxieNGC 4696 am Centaurus-Koup mat enger visueller Hellegkeet vun 10,7 mag.
A Richtung vum Centaurus-Superkoup, awer mat enger Distanz vu ronn 650 Mio. Lj. nach däitlech hanner dësem, läit de Shapley-Superkoup, deen zu de gréisste an dichteste bekannte Superkéip am Ëmkrees vun 1 Mrd. Lj. gehéiert.