Nodeem den Hugo Gernsbacher tëscht 1900 an 1903 zu Bingen fir Ingenieur geléiert hat, huet hie sech 1904, mat 100 US-Dollar an der Täsch, op de Wee an Amerika gemaach, fir do eng nei Zort Batterie, déi e grad erfonnt hat, ze kommerzialiséieren, wat him och gelongen ass. Déi Joren drop huet hie sech mat dem nach neie Phenomeen vun de Radiowelle beschäftegt. Hien huet en Apparat erfonnt, dee Funksignaler konnt empfänken an ausstralen, an doruechter Clibb vu Radios-Amateure gegrënnt.
1908 gouf hien d'Zäitschrëft "Modern Electrics" eraus, eng populärwëssenschaftlech Illustréiert fir Technik-begeeschtert Leit. Geschwë koumen nach aner Zäitschrëften no, déi de Leit nei technesch Entwécklunge méi no sollte bréngen.
1911 huet en, ënner dem 'amerikaniséierten' Numm Gernsback, de Roman "Ralph 124C 41+[2]: A Romance of the Year 2660" publizéiert. Deen ass net grad héich Literatur, mä bestécht duerch eng ganz Rëtsch Iddie vun Apparater, déi eréischt Joren duerno erfonnt sollte ginn, wéi z. B. de Radar, d'Ofspäichere vun Informatiounen op magnéitesche Supporten, de Billertelefon, de Microfilm, asw.
1926 huet de Gernsback d'Zäitschrëft "Amazing Stories" erausbruecht, déi sech als éischt mat soss näischt wéi "scientific fiction", wéi et deemools nach housch, beschäftege sollt. 1929, nodeem en den Titel huet misse verkafen, war et dann um Tour vun der Zäitschrëft "Science wonder stories".
Hien huet seng lëtzebuergesch Originnen net vergiess: a senge Geschichten dauche reegelméisseg Leit op, déi als Familljennimm en Numm vu lëtzebuergeschen Uertschaften oder Flëss droen.
Den Hugo Gernsback war dräimol bestuet: Fir d'éischt mat der Rose Harvey (1906), du mat der Dorothy Kantrowitz (1921), an zu gudder Lescht mat der Mary Hancher (1951).
Bis zu sengem Doud, 1967 zu New York, hat en 80 Patenter ugemellt.
Wierk
Romaner
Ralph 124C 41+ (1911)
Zäitschrëften, déi vum Gernsback erausbruecht goufen
Air Wonder Stories
Amazing Detective Stories
Amazing Stories
Aviation Mechanics
Electrical Experimenter — 1913 to 1920; spéider: Science and Invention
Everyday Mechanics — from 1929; vum Oktober 1931 uns Everyday Science and Mechanics
Everyday Science and Mechanics — kuckt Science and Mechanics
The Experimenter — ursprénglech Practical Electrics, éischt Ausgab ënner dem Titel am November 1924; geet 1926 an d'Zäitschrëft Science and Invention op
Facts of Life
Flight
Fotocraft
French Humor — spéider Tidbits
Gadgets
High Seas Adventures
Know Yourself
Life Guide
Light
Luz
Milady
Modern Electrics — 1908 bis 1914 (1913 verkaaft; nei Besëtzer fusionéieren den Titel mat Electrician and Mechanic)
Moneymaking
Motor Camper & Tourist
New Ideas for Everybody
Pirate Stories
Popular Medicine
Practical Electrics — Dec. 1921 bis Okt. 1924 — spéider The Experimenter
Radio Amateur News — Juli 1919 bis Juli 1920 — d'Adjektiv "amateur" fält ewech an et entsteet Radio News
Radio and Television
Radio-Craft — Juli 1929 bis Juni 1948 — spéider Radio-Electronics
Radio Electronics — Juli 1948 bis ?
Radio Electronics Weekly Business Letter
Radio Listeners Guide and Call Book [Titel variabel]
Radio News — July 1919 (virdru Radio Amateur News) bis Juli 1948
Radio Program Weekly
Radio Review
Science and Invention — vridrun Electrical Experimenter; ass vun August 1920 bis August 1931 erauskomm
Science and Mechanics — ursprénglech Everyday Mechanics; vun 1931 un Everyday Science and Mechanics. "Everyday" fält am Mäerz 1937 ewech: Science and Mechanics bis 1976
Science Fiction Plus
Science Wonder Stories
Scientific Detective Monthly
Sexologia
Sexology
Short-Wave and Television
Short-Wave Craft — geet an den Titel Radio-Craft op
Short-Wave Listener
Superworld Comics
Technocracy Review
Television
Television News
Tidbits, ursprénglech French Humor
Woman's Digest
Wonder Stories
Your Body
Your Dreams
Nom Hugo Gernsback genannt
den Hugo Award, e Präis, deen d'International Science Fiction League all Joer fir dee beschte Science-fiction-Roman vergëtt;
Uncle Hugo's Science Fiction Bookstore, eng spezialiséiert Librairie zu Minneapolis;
Vum 27. Oktober 2010 bis den 18. Mäerz 2011, verlängert bis den 2. Mee 2011, war am Nationale Literaturzentrum eng Ausstellung iwwer Liewen a Wierk vum Hugo Gernsback[3]. Kommissäre vun der Ausstellung waren de Luc Henzig, de Paul Lesch an de Ralph Letsch, déi och en Ausstellungskatalog erausbruecht hunn.[4]
Literatur
Vesna Andonovic a Laurent Schmit: Der Erfinder der Zukunft - Hugo Gernsback, wie ein "Stater Bouf" die Science-Fiction erfand am Luxemburger Wort vum 19. August 2017, S. 10-11, och op wort.lu.
Henzig, Luc, Paul Lesch & Ralph Letsch, 2010. Hugo Gernsback - An Amazing Story. Ausstellungskatalog. Centre national de littérature.
Paul Lesch, Hugo Gernsback, le père de la science-fiction moderne; in: Itinéraires croisés - Luxembourgeois à l'étrangers, étrangers au Luxembourg, Nr. 32, am Tageblatt vum 20. Mee 1995.
Lesch Paul, Muller Jean-Claude, "Hugo Gernsback: le 'père de la science-fiction moderne'", in: Lëtzebuerger Almanach 89, 356-369.
Letsch, Ralph (Ed.), 2008. Amazing stories. Mamer 2007: science fiction & Hugo Gernsback. Bertrange. 163 p.
Steckler, Larry (ed.), 2007. Hugo Gernsback: A Man Well Ahead of His Time. Charleston: Book Surge. 698 p.