Et ass dat net e Rescht vum Siegfried senger Buerg Lëtzebuerg, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der Festung, deen 1874, wéi d'Zitadell um Bock ofgerappt gouf, vum deemolege Staatsarchitekt Charles Arendt express sou als Pseudo-Ruin ëmbauen a stoe gelooss gouf, well dat deemools als romantesch empfonnt gouf.
Biller
Ruine de Lützelburg; Postkaart vun 1905, op där den Huelen Zant als Schlassruin beschriwwen ass.
D'Bock-Paart virun der Schleefung: Den Tuerm um Eck gouf als 'Buergruin' stoe gelooss an en ofgebrachene Fënsterbou gouf agebaut.