Hotel International (Stad Lëtzebuerg)

Hotel International
Land Lëtzebuerg

Den Hotel International oder och einfach „Inter“ genannt, ass en Hotel vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg, op den Nummeren 20-22 vun der Garer Plaz.

Historesches

Den Hotel ass 1904 vun der Famill Schimberg-Rennel gegrënnt ginn.

Gebai

Dat ursprünglecht Gebai ass 1918 vum neie Proprietär M. Wagner ofgerappt an duerch en neit Gebai mat dräi Stäck ersat ginn.

1923 koum den Hotel an de Besëtz vun der Famill Klein-Wagner, déi den Hotel verlount huet.

No de Pläng vum Camille Blanc gouf den Hotel 1947 vergréissert; et goufen dunn 30 Zëmmeren op véier Stäck an e Restaurant mat 50 Plazen.

D'Gebai gouf 1960 nees ofgrappt fir op Basis vu Pläng vum Pierre Reuter als Hotel mat 60 Zëmmeren nei gebaut ze ginn.

Uganks vun den 1990er Joren huet déi nei Proprietairin Pia Kottmann den Hotel renovéiert fir en un déi neist Secherheetsbestëmmungen unzepassen. 2004 huet d'Gebai du vum Architekt Romain Hoffmann eng gliese Fassad kritt.

Den Hotel huet hautesdaags (2015) ronn 70 Zëmmeren an e Restaurant „Am Inter“ um Rez-de-chaussée.

Literatur

Um Spaweck

Referenzen an Notten