Den Hercules ass en Aschlagkrater op der nordëstlecher viischter Moundsäit um südëstleche Rand vum Mare Frigoris.
Hie läit westlech vum eppes méi grousse Krater Atlas. Säi Buedem huet am Géigesaz zum Atlas keng Brochstrukturen, mä ass − ofgesi vum Niewekrater Hercules G – zimmlech flaach. De Rampli ass terrasséiert.