Den Heis ass e klengen Aschlagkrater am Nordweste vun der viischter Moundsäit um Flaachland vum Mare Imbrium, südlech vum Krater C. Herschel a westlech vum Dorsum Heim.
Am Südweste läit de méi grousse Krater Delisle. Tëschent deem an dem Heis verleeft d'Rima Delisle, nërdlech dovun läit d'Rupes Boris, e Gebitt vu speziellem Interessi wärend den Apollo-Missiounen.
Den nërdleche Rand gëtt vum Niewekrater Dorsum A iwwerlagert.
De Krater gouf am Joer 1935 vun der I.A.U. nom däitschen Astronom Eduard Heis (1806–1877) genannt, deen och an der Meteorfuerschung geschafft hat.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.