|
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Den Henri Loutsch, gebuer de 24. Juli 1905 zu Péiteng[1], a gestuerwen den 30. Oktober 1979 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Chirurg.
Vun 1947 bis 1959 war hie President vun der Société des sciences médicales du grand-duché de Luxembourg, der Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal.
Vun 1979 u war hie bis zu sengem Doud Vizepresident vun der Croix-Rouge luxembourgeoise, wou hien Nofollger vum verstuerwenen Tony Neuman (1902 - 1979) gi war.
Referenzen
- ↑ (fr)Le docteur Henri Loutsch nous a quittés. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (3. November 1979). Gekuckt de(n) 07.08.2023.
- ↑ (fr)Doudesannonce vum Dr Henri Loutsch. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (3. November 1979). Gekuckt de(n) 07.08.2023.