D'Kierch steet zu Dummeldeng op der Kraizung vun der rue du Château mat der rue des Hauts-Fourneaux, dem CR233. Op der Plaz virun der Kierch steet den Haupeschbuer.
Déi haiteg Kierch staamt aus dem Joer 1891 an huet eng Kapell ersat, déi 1777 gebaut gouf. 1949 gouf se restauréiert.
1951 huet s'eng Kräizegungszeen vum Hans Lechner derbäi kritt.
An de Joren 1970-1972 gouf se un déi nei liturgesch Bestëmmunge vum 2. Vatikanesche Konzil ugepasst.
1984 an 1985 ass se bannendra renovéiert ginn an zum Ofschloss vun deenen Aarbechten ass de 14. Juli 1985 den Altor vum ÄerzbëschofJean Hengen konsekréiert ginn.
Fir d'Honnertjoerfeier vun der Kierch ass de 16. Mee 1990 vum Kiercherot d'Uschafung vun enger drëtter Klack decidéiert ginn. Déi nei Klack gouf den 21. Dezember 1991 vum Äerzbëschof Fernand Franck ageweit. D'Klacke lauden am Schlagtoun do, la, sol.