Hien huet als jonke Mënsch bei satireschen a kriteschen Zeitunge matgeschafft. E gouf awer haaptsächlech bekannt duerch d'Illustratioun vu Wierker wéi de Pantagruel vum Rabelais, d'Bibel[1] an der Iwwersetzung vum Bourassé a Janvier, och nach Bible de Tours genannt, d'Contes drolatiques vum Balzac an d'Fables de la Fontaine.
Seng Imaginatioun a Fantasie hunn aus him een exceptionellen Zeechner a Moler gemaach.
↑75 Originalillustratiounen zum neien Testament vum Gustave Doré waren zesumme mat Wierker vum Gottfried Engelmann, Marc Chagall a Salvador Dalí am Kader vun der Konschtausstellung bible art ze gesinn. Dës Expo war vum 1. September bis de 4. November 2001 an der Besichergalerie vum Pompelspäicherwierk Veianen bei Biwels ausgestallt an war vum Veräin D'Frënn vum Ourdall zesumme mat der SEO am Kader vum kulturelle Programm ISLEKer art organiséiert ginn. D'Ausstellung hat iwwer 7000 Visiteuren.