|
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Guillaume Konsbruck, gebuer den 3. September 1909 zu Hueschtert, gestuerwen den 3. Oktober 1983 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Offizéier, Politiker a Manager bei der Arbed.
De Guillaume Konsbruck war Aide de Champ vun der Groussherzogin Charlotte a gouf am Februar 1945, an der Regierung vun der Befreiung, Minister fir Ravitaillement a Wirtschaft, e puer Méint duerno och fir Landwirtschaft, Handel, Industrie a Beruffer.
Am November 1945, no de Chamberwalen, gouf en, an der Regierung vun der Nationaler Unioun, nees Minister fir Wirtschaft a Ravitaillement. Hien ass Minister bliwwe bis den 29. August 1946, wéi hien duerch de Lambert Schaus ersat gouf.
Gielercher
Kuckt och
Referenzen
- ↑ MINISTÈRE D'ÉTAT - BULLETIN D'INFORMATION N°8 (2me année) Luxembourg, le 31 août 1946 - Distinctions honorifiques
- ↑ Ordre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Archivéiert de(n) 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.
- ↑ Distinctions honorifiques am Bulletin d'Information N°4 vum Abrëll 1953 vum Service Information et Presse
- ↑ (de)Hohe französische Auszeichnungen. Luxemburger Wort. Gekuckt de(n) 2023-08-06.