Den Theater gouf an de Joren 1960 bis 1964 no de Pläng vum franséischen Architekt Alain Bourbonnais gebaut a gouf de 15. Abrëll 1964 feierlech ageweit. Vun 1999 bis 2003 goufe Vergréisserungs- a Renovéierungsaarbechten no de Pläng an ënner der Leedung vun der Gerling + Arendt Planungsgesellschaft mbH vu Berlin ausgefouert. Den Theater huet de 26. September 2003 seng Dieren erëm opgemaach.