De Giro della Valle d'Aosta (mam ganzen Numm Giro ciclistico internazionale della Valle d'Aosta - Les Savoie - Mont Blanc - Valais, op Franséisch Tour international de la Vallée d'Aoste - Les Savoie - Mont Blanc - Valais), ass eng Etappecourse déi all Joer am Juli gefuer gëtt. Se féiert all Joer duerch den Aostadall an Italien, duerch déi franséisch Regioun Rhône-Alpes an duerch de Schwäizer Kanton Wallis.
Palmarès
Lëtzebuergesch Etappegewënner um Giro della Valle d'Aosta
De Bob Jungels huet 2012 déi véiert Etapp gewonn,[1] en ass déi fënneft Etapp awer net méi fäerdeg gefuer. 2019 huet de Michel Ries déi drëtt Etapp gewonn,[2] am General gouf hien den 11.. De Ben Gastauer ass 2007 an 2009 matgefuer, 2007 gouf hien den 12. op der éischter Etapp.
Referenzen
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 26.05.2023. Gekuckt de(n) 26.05.2023.
- ↑ https://www.rtl.lu/sport/cyclissem/a/1378842.html