De Georges Eugène Haussmann, gebuer de 27. Mäerz1809 zu Paräis, an och do gestuerwen den 11. Januar1891, och nach Barong Haussmann genannt war Prefekt vun der Seine, vum 23. Juni1853 bis de 5. Januar1870. An där Funktioun huet hien d'Transformatioune vu Paräis am Second Empire dirigéiert an ee grousse Renovatiounsplang ausgeschafft.
Hie gouf am Quartier Beaujon gebuer. Säi Grousspapp war Deputéierten a säi Papp Militärintendant beim Napoléon I..
Hien huet seng Schoul am Kolléisch Henri-IV an am Lycée Condorcet zu Paräis gemaach, an huet duerno e Jurastudium ugefaangen, goung awer gläichzäiteg an de Museksconservatoire.