D'Gare vu Rued ass eng Gare op der CFL-Linn 3, der sougenannter Tréierer Streck, tëscht der Gare Mënsbech an der Gare Betzder vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit bei der Barriär op der N1.
D'Tréierer Streck féiert vu Lëtzebuerg bis op Waasserbëlleg an da weider op Tréier a Wittlich.
D'Gare vu Rued huet e gratis Park & Rail-Parking mat 41 Parkplazen a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.
Den 13. Juni 2022 gouf d'Gebai vun der Gare, d'Haische mat Sanitär-Installatiounen an d'Lampisterie als National Kulturierfschaft klasséiert.[1]
Zich déi an der Gare halen
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).