Gare Mäerkels

Gare Mäerkels

Streck 1b
PK 4,482
Quaien 1
Gleiser 1
Uertschaft Mäerkels
Gemeng Kiischpelt
Kanton Wolz
Koordinaten 49° 57’ 25’’ N
      5° 58’ 55’’ O
Websäit CFL.lu
Dat fréiert Statiounsgebai an de Gleisiwwergank

D'Gare vu Mäerkels ass eng Gare op der Antenn Kautebaach-Wolz vun der CFL-Linn 1, der sougenannter Nordstreck vun der Lëtzebuerger Eisebunn, tëscht der Gare Kautebaach an der Gare Paradiso. Direkt nieft der Gare a Richtung Kautebaach ass d'Barriär PN. 6. iwwer deen den CR331A féiert.

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng weider Antenn zweigt vun der Gare Ettelbréck of a féiert bis op Dikrech.

D'Gare vu Mäerkels ass eng "Halte sur demande", dat heescht, et muss een dem Chef de train Bescheed soen, fir erausklammen ze kënnen, oder um Quai wénken, fir matgeholl ze ginn.

D'Mäerkelsser Halt läit am Fong op der Mäerkelsser Millen, eng ronn 500 Meter Loftlinn vun der Uertschaft ewech. Iwwer d'Strooss ass et déck annerhallwe Kilometer bis an d'Duerf.

Zich déi an der Gare halen

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Kautebaach   RB
CFL-Linn 10 
  Paradiso Wolz

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Mäerkels – Biller, Videoen oder Audiodateien