Gare Centrale ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 13. Dezember 2020 opgaangen ass.
Lag vun der Statioun
D'Statioun läit op der Place de la Gare am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statioune Paräisser Plaz / Place de Paris am Norden a Leschte Steiwer / Dernier Sol am Süden.
D'Statioun läit direkt bei der Gare Lëtzebuerg, no där s'och genannt ass.
Infrastruktur
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen an eng Vel'oH!-Statioun. Et huet een Uschloss op AVL an RGTR-Buslinnen (Halten: Gare Centrale a Gare Rocade) grad ewéi op national an international Zuchlinnen.
Biller
Kuckeswäertes an der Ëmgéigend
Um Spaweck
|
---|
| Findel - Luxembourg Airport ⇔ Stadion
|
---|
Referenzen an Notten