Säi Liewe laang huet hien ënner enger schwaacher Gesondheet gelidden; vum Alter vun zwee Joer un hat den Thyes ee Bee geläämt, an hie konnt nëmme mat Hëllef vun enger Krätsch goen.[3]. Spéider ass hien un enger Longentuberkulos krank ginn, wourunner hien 1855 gestuerwen ass.[4]
Säi Roman Marc Bruno, Profil d'artiste, dee kuerz no sengem Doud erauskoum, war deen éischte franséischsproochege Roman vun engem Lëtzebuerger.
De Félix Thyes huet mat senger Famill an engem Haus zu Lëntgen gewunnt, dat 2014 ofgerappt gouf.
Essai sur la Poésie luxembourgeoise. Revue trimestrielle, Bruxelles 1854.
Marc Bruno, Profil d'artiste. Edition Princeps Bruxelles, 1855. Nodréck: 1920 an: d'Natioun, feuilleton littéraire; 1930 an: Edition du Centenaire, Linden et Hansen; 1990 an der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik, présentéiert an annotéiert vum Frank Wilhelm.
Quellen
Bruno, M., 1990. Éditions du Centre d'études de la Littérature luxembourgeoise, Luxembourg.
Gérard, M., 1960. Anthologie française du Luxembourg.
Wilhelm, F., 2013. Félix Thyes, Lintgenois d'adoption, et la vallée de Mersch. nos cahiers 2013 3/4, Kanton Mersch, S. 337-364.
↑Andonovic, V., 2014. Stein(e) des Anstoßes. Das Fallbeispiel des Thyes-Hauses in Lintgen verdeutlicht, wie vielschichtig die Problematik des Denkmalschutzes heutzutage ist.Luxemburger Wort vum 18. Juni 2014, S. 2-3.
↑D'Symptomer, sou wéi de Félix Thyes se a senge Bréiwer beschriwwen huet, goufe spéider op d'Kannerlähmung (Polioméylite) zeréckgefouert. Cf. F. Wilhelm 2013, S. 339.