|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Jean-François Mersch. Fir de Sportler mam änlechen Numm, kuckt wgl. François Mersch.
|
De Jean-François Mersch, besser bekannt als Fritz Mersch, gebuer den 20. Mäerz 1862 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 1. Mee 1937, war e lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten an Distriktskommissär[1],[2].
Hie war de Jong vum Jean Mersch-Wittenauer.
1887 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Miersch an d'Chamber gewielt[3].
Den 30. Mee 1895 gouf den Affekot Fritz Mersch (an der franséischer Versioun Frédéric Mersch!) zum Distriktskommissär zu Gréiwemaacher ernannt[4].
Den 18. Mäerz 1930 gouf hien als Distriktskommissär pensionéiert a kritt den Éierentitel vun där Funktioun.
Gielercher
Referenzen
- ↑ Biographie vum Fritz Mersch op eluxemburgensia.lu Säiten 319-324
- ↑ Déi selwecht Biographie vum Fritz Mersch op der Websäit vum Institut Viti-Vinicole Archivéiert de(n) 10.09.2016. Gekuckt de(n) 01.08.2015.
- ↑ Noruff op de Fritz Mersch am Tageblatt vum 4. Mee 1937 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 01.08.2015.
- ↑ Arrêté du 31 mai 1895 portant convocation du collège électoral de Mersch pour l'élection d'un député. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 11.04.2021.
- ↑ Annonce vum Doud vum Fritz Mersch an der Obermosel-Zeitung vum 4. Mee 1937 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Abrëll 2022