|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apdikter a Gemengepolitiker François Heldenstein. Fir Persoune mam selwechten Numm, kuckt wgl. François Heldenstein.
|
De François Heldenstein, gebuer de 27. Oktober 1749 zu Iechternach, an do gestuerwen den 30. Juli 1824, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Gemengepolitiker.[1]
Hie war de Fils vum Jean Georges Heldenstein a vun der Marie Elisabeth Koch[1]. Hien huet sech den 31. Januar 1785 an der Stad Lëtzebuerg mat der Marguerite Seyler bestuet[2]. Seng Nominatioun als Apdikter hat hie 1783 kritt[3]. Hie gëllt als de Grënner vun der Iechternacher Pharmacie du Lion (Löwen-Apotheke)[4]. Hien ass 1824 um Klenge Maart, Nr. 80, verscheet[1]. Seng Apdikt gouf 1827 vu sengen Ierwe sengem Eedem, dem Jean-Pierre Brimmeyr, dee mat senger Duechter Lambertine Constance Jeanne bestuet war, iwwerdroen.[2]
Hie war Member vum Iechternacher Gemengerot a Buergermeeschter vun Iechternach vum 5. Mee 1799[5] bis den 21. August 1800[1].
Am Gebuertsregëster war hien als Höldensteiner opgeschriwwe ginn[3].
Hie war de Papp vum Stater Apdikter a Buergermeeschter Jean-Pierre David Heldenstein.
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
- ↑ 2,0 2,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, S. 690.
- ↑ 3,0 3,1 Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, S. 59.
- ↑ Toelle, A., 1920. Kurze Geschichte des Apothekerwesens im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg, V. Buck, S. 8.
- ↑ Datum vun der Nominatioun laut der Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.