De François Eisenbarth, gebuer de 27. Mäerz 1928 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 17. September 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.[1]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1960 zu Roum vertrueden.[2]