Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz . Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Europäesch Kulturhaaptstad ass en Titel, deen eng Stad aus der Europäescher Unioun fir ee Joer kritt huet.
D'Iddi geet zeréck op eng Initiativ vun der deemoleger griichescher Kulturministesch Melina Mercouri . Se gouf vum Ministerrot vun der EG den 13. Juni 1985 lancéiert.
Bis 1999 war den Titel "Europäesch Kulturstad ".
Heiansdo maachen och Stied aus Net-EU-Länner mat; et sinn dat an deem Fall Länner déi der EU nostinn, sief et als Member vum Europäesche Wirtschaftsraum , sief et als Bäitrëttskandidaten.
Lëscht vun den Europäesche Kulturstied, resp. Kulturhaaptstied
1985: Griicheland - Athen
1986: Italien - Florenz
1987: Holland - Amsterdam
1988: Däitschland - West-Berlin
1989: Frankräich - Paräis
1990: Vereenegt Kinnekräich - Glasgow
1991: Irland - Dublin
1992: Spuenien - Madrid
1993: Belsch - Antwerpen
1994: Portugal - Lissabon
1995: Lëtzebuerg - Stad Lëtzebuerg
1996: Dänemark - Kopenhagen
1997: Griicheland - Thessaloniki
1998: Schweden - Stockholm
1999: Däitschland - Weimar
2000: Frankräich - Avignon , Norwegen - Bergen , Italien - Bologna , Belsch - Bréissel , Finnland - Helsinki , Polen - Krakau , Tschechesch Republik - Prag , Island - Reykjavík , Spuenien - Santiago de Compostela
2001: Portugal - Porto , Holland - Rotterdam
2002: Spuenien - Salamanca , Belsch Brugge
2003: Éisträich - Graz
2004: Frankräich - Lille , Italien - Genua
2005: Irland - Cork
2006: Griicheland - Patras
2007: Lëtzebuerg - Lëtzebuerg an d'Groussregioun , Rumänien - Sibiu
2008: Vereenegt Kinnekräich - Liverpool , Norwegen -Stavanger a Sandnes
2009: Litauen - Vilnius , Éisträich - Linz
2010: Ungarn - Pécs , Däitschland - Essen mat der Ruhr , Tierkei - Istanbul
2011: Estland - Tallinn , Finnland - Turku
2012: Portugal - Guimarães , Slowenien - Maribor
2013: Frankräich - Marseille , Slowakei - Košice
2014: Lettland - Riga , Schweden - Umeå
2015: Belsch - Mons , Tschechesch Republik - Plzeň
2016: Spuenien - San Sebastian , Polen - Wrocław
2017: Dänemark - Aarhus , Zypern - Paphos
2018: Holland - Leeuwarden , Malta - Valletta
2019: Italien - Matera , Bulgarien - Plovdiv
2020: Irland - Galway , Kroatien - Rijeka
2022: Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht , Litauen - Kaunas , Serbien - Novi Sad [ 1] :
Kuckt och
Referenzen
↑ (en) European Capitals of Culture | Culture and Creativity . culture.ec.europa.eu. Gekuckt de(n) 27.02.2022.